|
||||||
Download |
||||||
ECH KENNEN DE USERNAME AN D'PASSWUERT SCHONN A WËLL DIREKT ERAN! Op dëser Säit kënnt dir iech verschidden Aarbechtsblieder eroflueden a selwer erausprinten. Allerdéngs braucht dir en Numm (Username) an e Passwuert fir iech an dësem Beräich unzemellen. De Username an d'Passwuert kritt dir um private Forum vun eiser Klass matgedeelt. Fir d'Dateien ukucken an erausprinten ze kënnen, braucht dir och nach den Acrobat Reader, deen op all moderne Computer schonn installéiert misst sinn. Wann dir en trotzdeem nach net op ärem Rechner installéiert hutt, da klickt hei. Bei den Aarbechtsblieder déi vum Internetsite http://school.creuter.org erstallt goufen ass och d'Opléisung dobäi. Op déi Manéier hutt dir selwer eng Kontrollméiglechkeet ouni datt eng aner Persoun iech den Exercice verbessere misst. Dës Blieder si just fir ären eegene Gebrauch geduecht a sollen net fir Jenni a Männi fotokopéiert ginn. Op http://school.creuter.org kënnt där iech och selwer e Kont opmaachen fir är eegen Aarbechtsblieder ze maachen, kuckt einfach mol selwer op dëser Adress no: http://school.creuter.org. Iwwerbléck iwwert dat wat dir am geschützte Beräich erofluede kënnt:
|
||||||
|
© roudewee.net | Schouljoer 2003-2004 | leschten 'Update' den 21/03/04